Eirepromotioun

FLF huet den 22/04/2020 mattgedeelt datt Saison 2019/2020 net färdeg gespillt gëtt! Tabellen gin agefruer an daat heescht -> den groussen Fc Marisca Miersch steigt an d’Eirepromotioun!

Bessen koomesch esou een Optiig, mee no deser fantastescher Saison méi wei verdingt!

Kee Match verluer, géint all Equipe gewonnen, ausser Dikkrech an Housen, 39 Punkten aus 15 Matcher. Daat waren dei 15 bëschten Matcher dei den Fc Marisca an 111 Joër je an der 1ster Divisioun gespillt huet!

BRAVO un Spiller, dem Hunni a sengem Trainerstaff, dem Comité matt sengen Transfertguruen, Taktikexperten, Grillmeeschter, Finanzjongleuren, Gedrenksverdeeler a Comptoirssteiperten.

Rëmeleng, Steesel, Kärjeng, US-Esch, Hamm(Benfica), Monnerech, Kaanech, Mamer, Weiler-la-tour, Waasserbelleg, Jonglënster, Miedernach an Beetebuerg -> mir frééen ons op ären Besuch zu Miersch!