Housen – Miersch : 2-2

E ganz schweieren Match zu Housen! Den Terrain ass net wiirklech gudd zu Housen, vill Bulli an déif. Housen konnt direkt no 10 Minutten op Konter den 1-0 scheissen, dem Patrick sain Feelen weinst Krankheet huet een schons gemiirkt. Leider ass dunn den Ender Bill am Goal bei enger Rettungsaktioun verletzt gin an ss duerch den jonken Vincent ersaat gin. Den Vincent war nach net richteg am Match an schons ass him en Ball duerch Fanger gerutscht an den Housener Stiirmer war op Zack an huet den 2-0 geschoss. Matt desem Resultat ass et dunn an Paus gaangen.

Mir sin gudd aus der Kabin komm an kruuten och an der 54. Minutt een Eelefmeter gepaff. Den Yvo konnt desen awer net ranscheissen 🙁 Wieder huet sech och emmer mei dem Spill ugepasst : et huet riicht eran gereent. Mee ons Männer hun Käpp net hänken gelooss an esou konnt den Kevin no Viirlag vum Fiston an der 68. Minutt den Uschlosstreffer scheissen. An der 80. Minutt war et dunn den Fiston, no Viirlag vum Tidiane, deen op 2-2 glaich gestallt huet. Et sollt och bei desem Resultat bleiwen.

No esou engem Spillverlaaf ass daat en ganz gudden Punkt deen mir aus dem Eisleck matt op Miersch brengen. Gudd gekämpft Fc Marisca!