1.000 Matcher an der 1. Divisioun

Den Fc Marisca spillt des Saison den 1.000 Match an der 1. Divisioun vum letzebuerger Fussball! Desen historeschen Moment ass den 22. Spilldag, dem 26.04.2020 am Match zu Miersch geint den AS Housen!

Vun der Saison 1909/1910 bis Saison 2018/2019 hun mir 978 Matcher gespillt, dovunner 364 gewonnen, 192 glaich gespillt an 422 verluer. Mir konnten 1284 Punkten esou kréien, des Tabell ass no der 3 Punkte Regel gerechent och wann et virun der Saison 1995/1996 jo nach nemmen 2 Punkten fir en gewonnen Match gin. Mir spillen des Saison dei 44. Saison an der eischter Divisoun!

Leider hun mir och eng negativ Goaldifferenz : 1810 Goaler geschoss an 2020 Goaler geschoss kritt, also -210 Goaler.

No deser Saison get et just nach 1 Equipe dei mei Matcher wei den Fc Marisca an der 1. Divisioun gespillt huet : den Daring Echternach (1208 Matcher). Bei den Punkten kennen mir awer op dei 4. Plaatz kommen, do feelen ons just nach 37 Punkten op den AS Remich (desen Club get et net mei).

Leif Statistikfrenn, ech kann Iech nemmen den Site vum Arno Funk empfehlen, eng impressionant Datenbank matt allem waat den letzebuerger Fussball betrefft! Et ass bestemmt net dei scheinsten Homepage, mee dofiir informatif!