Ierpeldeng – Miersch : 2-4

Den Match zu Ierpeldeng huet bei eisegen Temperaturen schlecht ugefangen. Direkt no 4 Minuten huet den Marc Weis vun Ierpeldeng den 1-0 op en Konter geschoss. Dest huet awer den Fc Marisca waakreg geresselt : duerch en schnellt präzist Passspill ass den Drock emmer mei heisch gin op Ierpeldeng. An der 17. Minutt war et dunn souwait, den Yvo scheisst sain 8. Goal vun der Saison. Mei wei verdingt an iwwerfälleg. Den Rhytmus ass selwescht bliwwen an esou huet den Yvo puer Minuten mei speit matt sengem 9. Goal ons Faarwen 1-2 an Feirung geschoss. No enger halwer Stonn huet

weiderliesen

Miersch – Lorentzweiler : 2-0

Dei eischt Hallschent hun mir domineiert ouni ons grouss Goalchancen rauszespillen geint eng ganz defensiv Lorentzweiler Equipe. 0-0 an der Paus . Den Arbiter huet dunn en zweifelhaften Eelefmeter gepaff no enger Grätsch vum Jeff. Den Bill huet desen awer super gehaalen. Duerno war et een ausgeglachent Spill bis den Yvo dunn endlech den 1-0 (64′) geschoss huet. Mir hun dunn och en Eelefmeter gepaff kruut, deen den Fiston souverän rangeschoss huet(78′)! Merci Männer, Allez Marisca!

weiderliesen