Résumé Matchs

Den Fc Marisca huet den Match ganz gut ugefaangen, voll konzentreiert hannen an präzis no fiir. Sou war et och kee Wonner datt den Mika no 15 Minuten duerch en scheinen Schoss den 0-1 markeiert huet. Den Edvin huet dunn matt engem super Schoss aus der Distanz den verdingten 0-2 geschoss. Dei Mierscher hun Kontroll iwwert den Match behaalen an en vermeintlechen Händs am Stroofraum vun engem Veiner Verteideger ass net vum Arbiter gesinn gin. Just virun der Paus hun dei Veiner awer den Uschlossgoal geschoss.

Aus der Kabin knaps raus hun dei Veiner weider no fiir gespillt an esou ass och den 2-2 Ausglaich gefall. Mee den Fc Marisca huet sech net opgin, weider no fiir gespillt an den Edvin huet dunn matt engem scheinen Fraistouss den 2-3 geschoss!

Bravo Jongen!

Dem Trainer seng Analyse : 

 

Norbert Fischels (Mersch): «Victoire méritée mais Vianden a réalisé une belle prestation. Une équipe compacte en défense et continuellement dangereuse en contre. Nos qualités offensives ont fait la différence. On a encore du boulot dans notre compartiment défensif.» Buts de Mika Madeira et Edwin Skrijelj (2). Vianden - Mersch 2-3 

Den Fc Marisca huet den Derby geint Lentgen 3-1 gewonnen! 

Bei wonnerbarem Wieder haaten sech vill Leit zu Miersch um terrain afonnt fir den eischten Derby vun der Saison ze kucken. Ons Equipe huet en ganz gudden Match gespillt an mir sin och verdingt matt 1-0 duerch en Goal vum Mika an Feirung gaangen an konnten suguer virun der Paus duerch en scheinen Goel vum Edwin op 2-0 erheigen!

No der Paus sin mir schnell enner Drock gerooden an 2 roud Kaarten (Fabio an Ernest) hun ons Liewen schweier gemeet. Trotz der Ennerzuel sin dei Lentgener net zu zwengenden Chancen komm. Am Geigendeel hun mir no enger Konterchance en Elefmeter kritt deen awer leider op den Poteau geschoss guff. Den Lentgener Goalkeeper huet dunn nach 3 grouss Chancen pareiert an esou seng Equipe am Match gehaalen. 10 Minhten virun Schluss ass dunn den 2-1 Uschlosstreffer gefall an et ass nach spannend Schlussphase komm. An der allerleschter Spillminut huet den Mika sain zwetten Derbygoal geschoss an den Arbiter huet net mei ugepaff.

 

 

0-0 stung et no 90 Minuten an et ass schlussendlech och en gudden Punkt fir den Fc Marisca. Den Match huet hektesch ugefaangen an ass och esou weidergaang. Mir haaten zwar dei besser Chancen an bessen mei vum Match, mee och dei Habschter hätten kinnten een Goal scheissen. Eng 15 Minuten virun Schluss hun mir et ons dunn selwer schweier gemaach, no enger rouder Kaart vum Alison enger giel-rouder vum Fabio, hun mir zu 9 den 0-0 iwwert Zait gerett. 

Ons jonk Equipe war net clever an cool genuch, mee Saison ass nach laang...

Hei dem Norbert sain Fazit vun wort.lu/fr : 

Norbert Fischels (Mersch): «Finalement un bon point pour nous. Pendant 70 minutes, nous avons été la meilleure équipe avec les meilleures occasions. Jusqu'au moment où on reçoit un carton rouge stupide. On a même dû terminer le match à neuf avec un autre carton jaune-rouge. Je désapprouve totalement le comportement de mes joueurs vis-à-vis de l'arbitre. Nous nous faisons du tort.» Äischdall - Mersch 0-0 

ALLEZ MARISCA

Go to top