
2,991
Eis Veteranen waren gëschter zu Useldeng um Tournoi aktiv. Ënner dem Strech steet eng 7. Plaz, eng gutt Ambiance mat de Géigner zesummen a ganz wichteg: Eis Männer hunn 3t Halbzeit mat Heem bruet! Top, Männer !🟡🔵
Merci Danilo! 🤝![]()
E weidere wichtege Bestanddeel vum Erfollëg aus den leschte Joren verléisst de Marisca. No 3 Joer ass et Zäit sech vum Danilo Marcelino ze verabschieden deen de Klub a Richtung Walfer verléisst. Mir soen dem Danilo villmools Merci fir säin Asaz a wënschen him bonne Chance bei sengem neien Veräin. 🟡🔵
Schluss. Mir mussen eis engen staarken Géigner vu Bissen geschloen ginn. Nächsten Rendez-Vous ass e Sonnden um 16h00 géint den FC Lorentzweiler.
Am Kader vun der Coupe du 80e Anniversaire vum FC Lorentzweiler treffen mir den Owend op den FC Atert Bissen. Ustouss ass um 20h00 um Terrain zu Luerentzweiler!
Merci fir däin Asaz, Tom ! ![]()
No 2 Joer verléisst den Tom Boussong de Marisca a Richtung FC Sporting Mertzig. Mir soen dem Tom Merci fir säin Asaz a Giel a Blo déi lescht 2 Joer a wënschen him bonne Chance zu Mäerzeg. Maach et gutt, Tom!🟡🔵


