Ierpeldeng – Miersch : 2-4

Den Match zu Ierpeldeng huet bei eisegen Temperaturen schlecht ugefangen. Direkt no 4 Minuten huet den Marc Weis vun Ierpeldeng den 1-0 op en Konter geschoss. Dest huet awer den Fc Marisca waakreg geresselt : duerch en schnellt präzist Passspill ass den Drock emmer mei heisch gin op Ierpeldeng. An der 17. Minutt war et dunn souwait, den Yvo scheisst sain 8. Goal vun der Saison. Mei wei verdingt an iwwerfälleg. Den Rhytmus ass selwescht bliwwen an esou huet den Yvo puer Minuten mei speit matt sengem 9. Goal ons Faarwen 1-2 an Feirung geschoss. No enger halwer Stonn huet den Kevin dunn endlech och rem en Goal geschoss, och desen heich verdingt.

Den Pausenthéi huet dem Fc Marisca gudd gedoen an den Samy huet en fantasteschen Waitschoss no engem Corner onhaltbar an Kraiz gehummert! Wow! 1-4 fir! No engem Duebelwiessel hun mir dunn e bessen den Rhytmus verluer an Ierpeldeng haat eng Drockphase an där Sie dunn den Uschlosstreffer scheissen konnten. An deser Phase sin mir dem Ball am Gegenspiller hannedrun gelaaf. Den Louty mescht eng Noutbrems an der 85. Minutt an konnt esou mei frei an dei waarm Duschen goen. Et sollt awer bei desem 2-4 bleiwen.

Hei den Liveticker vum Fapa

Super Fc Marisca, weider esou