Geschicht

Text aus der Brochure Franz Faber 1946 Wa scho fre’er zu Miersch de Football, an iwerhapt de Sport zu Méschter-E’ere kommt ass, dann zeit des Léschtong vu lânger, affervoller Virbrédongsarbecht, vun Disciplin a vu Méschterkönnen. Eis Gedanke gin duefir haut zréck an Joer 1908, zu eise gro’sse Le’erméschteren, de’ eis e gudd Beispill gin, an de’ Sportsgedanken he’ch gehâlen hun. Berétwöllegen Asâtz am Dengscht vum Sport an onser Hémechtsstâd soll eisen Dank sin. Des Idée virunzegin, de’ mir vun hinne geirwt hun, soll ons Pflicht an ons Schöllegkét sin. Wé ons Professeren démols, so’ betriede mir Le’erjongen och haut deselwechte Groun, wo’ si virun 30 Joer als de’ e’scht Equipe vu Letzeburg fir d’E’er vun der Mierscher Stâd gestridden hun. Mir spillen haut an emmer fir dat Idéal dat si ons schon an Kannerwé geluegt hun, datt si eis an onse Joeren afgetrueden hunan fir dat ze verwirklechen mir haut als eng gro’ss Organisatio’n ugetruede sin. De Wé ass ons virgezéchent! Allons-y!