Geschicht
Statistiken →Méi wéi ee Joerhonnert Fussball zu Miersch: déi wichtegst Datume vum Club, seng Presidenten an al Fotoen.
An Zuelen
- 118 Joer Geschicht
- 96 Championnatssaisonen
- 7 Divisiounstitelen
- 1 Saison an der Nationaldivisioun
- 146 Coupesmatcher
- 2 Coupesfinallen
- 12 Gruppe gewonnen vun der Jugend zënter 2021
Wichteg Datumen
-
Grënnung vum FC Marisca
Pängschtdënschdeg 1908 grënnen jonk Mierscher de Club an der Scheier vun der Famill Schwartz: Hari Schwartz, Jos Teisen, Gy Faber, Nicolas Weyer, Pierre Nilles, Gaston Frisch, Vic Rouster, Will Thewes, Poppy Weber, Léon Duscherer, Nicolas Hirtziger a Franz Faber.
-
1909
Déi éischt giel-blo Trikoten
Ouschteren 1909 spillt d’Ekipp fir d’éischt a Giel a Blo, de Faarwe vum Club bis haut.
-
1921
Éischte Championnat
1921/22 spillt de FC Marisca säin éischten offizielle Championnat, an der 2. Divisioun.
-
1946
Grënnung vun der Jugendsektioun
1946 entsteet eng éischt Jugendekipp, déi awer eréischt méi spéit am Championnat matspillt.
-
Terrain an der Gousselerstrooss
Nom Krich spillt de Club erëm op engem Terrain an der Gousselerstrooss bei der „Kerzenbrücke“, deen den 17. November 1946 offiziell ageweit gëtt.
-
Den Terrain am Grieswinkel
D’Gemeng lount d’Wiss am „Grieswinkel“ am Zentrum vu Miersch als Terrain fir de Club. De Pachtvertrag trëtt den 11. Oktober 1947 a Kraaft.
-
1962
Déi éischt Scolairen am Championnat
Ënnert dem Trainer Roger Lorang spillt déi éischt Scolaires-Ekipp vum Club am Championnat 1962/63 mat.
-
D’Gemeng keeft de Grieswinkel
De Gemengerot stëmmt eestëmmeg fir de Kaf vum Terrain am Grieswinkel, deen de Club zënter 1947 notzt.
-
1969
Déi éischt Flutliichtanlag
D’Cegedel installéiert déi éischt Flutliichtanlag um Terrain. Si gëtt 1973 an 1985 ausgebaut.
-
1978
D’Poussins kommen
Vun 1978/79 u spillen déi Jéngst (7 bis 10 Joer) an der neier Kategorie vun de Poussins, mam Trainer Pierre Rodesch.
-
1979
Franz Beckenbauer zu Miersch
Op Invitatioun vum Netty Hilbert, Presidentin vum Supporterclub vum FC Marisca, besicht de Franz Beckenbauer Miersch.
-
1986
D’Ouschtercoupen
Zënter 1986 ginn all Joer op Ouschteren Coupesturnéieren organiséiert, zur Erënnerung un e verstuerwene Member vum Club; seng Famill stëft d’Coupen.
-
1989
Aweiung vum Terrain Schlasspesch
De Club weit säin neien Terrain an, de Schlasspesch, deen haut nach säin Haaptterrain ass.
-
2003
Opstig an d’1. Divisioun
Als Zweet vun der 2. Divisioun 2002/03 mam Spillertrainer Sidney Ferreira kënnt déi éischt Ekipp erëm an d’1. Divisioun.
-
2008
Honnert Joer FC Marisca
De Club feiert seng 100 Joer a publizéiert d’Buch „Hundert Jahre F.C. Marisca 1908-2008“.
-
2011
Finall an der Coupe FLF
De FC Marisca kënnt an d’Finall vun der Coupe FLF 2010/11, déi en 0:6 géint d’Jeunesse Junglinster verléiert.
-
2020
Opstig an d’Éierepromotioun
Als Éischten an der 1. Divisioun, wéi d’Saison 2019/20 wéinst dem Covid-19 ofgebrach gëtt, klëmmt déi éischt Ekipp an d’Éierepromotioun op.
-
2023
Finall an der Coupe de Luxembourg
Als Club aus der Éierepromotioun werft de FC Marisca mat Wolz a Munneref zwee Veräiner aus der BGL Ligue eraus, ier en d’Finall 2:4 géint de FC Déifferdeng 03 verléiert.
-
2023
Éischt Saison an der Nationaldivisioun
Als Zweeten an der Éierepromotioun 2022/23 spillt de Club 2023/24 fir d’éischt a senger Geschicht an der héchster Divisioun, der BGL Ligue.
D’Presidenten
Presidente vum Club zënter 1945. Joren mat ~ si just ongeféier.
- Ben (Bernard) Rolling ~1945 – ~1958
- Raymond Steichen ~1958
- Roger Steines ~1958 – ~1959
- Marcel Calteux 1959 – 1964
- Camille Hellinck 1964 – ~1970
- René Wahl ~1970 – ~1974
- Félix Gillen ~1974 – ~1977
- Guy Ewert ~1977 – 1990
- Albert Fellens 1990 – 1993
- Guy Ewert 1993 – ~1997
- Willy (Guillaume) Laugs ~1997 – 2003
- Alex (Lex) Kremer 2003 – ~2016
- Romain Beringer ~2016 – ~2020
- Marc Kill ~2020 – ~2025
- Marc Bettendorff zënter 2025 aktuelle President
Retro-Galerie
Ekippe vum FC Marisca vun der Nokrichszäit bis an d’2000er Joren.
-
1946 D’Ekipp 1946 Livre « Hundert Jahre F.C. Marisca 1908-2008 » -
1947 Éischt Juniorenekipp Livre « Hundert Jahre F.C. Marisca 1908-2008 » -
1955 Éischt Ekipp Livre « Hundert Jahre F.C. Marisca 1908-2008 » -
1965 Éischt Ekipp Livre « Hundert Jahre F.C. Marisca 1908-2008 » -
1976 Éischt Ekipp 1976/77 Livre « Hundert Jahre F.C. Marisca 1908-2008 » -
1986 D’Ekipp 1986/87 Livre « Hundert Jahre F.C. Marisca 1908-2008 » -
1990 1990/91: d’Opstigsekipp an d’1. Divisioun Livre « Hundert Jahre F.C. Marisca 1908-2008 » -
2006 Éischt Ekipp Livre « Hundert Jahre F.C. Marisca 1908-2008 » -
2008 Éischt Ekipp Livre « Hundert Jahre F.C. Marisca 1908-2008 » -
2008 Häreekipp Livre « Hundert Jahre F.C. Marisca 1908-2008 »
D’Erënnerungscoupen
All Joer erënnert eng Coupe vum FC Marisca un e verstuerwene Member vum Club. Hei sinn d’Säite vun de Broschüren, déi fir dës Turnéieren erauskomm sinn.
-
1982 Coupe Willy Müller
-
1986 Coupe Gust Serres
-
1987 Coupe Aloyse Becker
-
1988 Coupe Joseph Bauer
-
1990 Coupe Léon Consbrück
-
1991 Coupe Martin Etscheid
-
1992 Coupe Henri Kolmesch
-
1993 Coupe Marcel Calteux
-
1994 Coupe Arnold Schaack
-
1995 Coupe Léon Nanquette
-
1997 Coupe Albert Thiefels
-
1998 Coupe Robert « Boy » Fantin
-
1999 Coupe Paulo Pinto Magalhaes
-
2000 Coupe Pierre Schroeder
-
2001 Coupe Pierre Toussaint
-
2002 Coupe Jos Neyens
-
2003 Coupe Pit Heuskin
-
2004 Coupe Victor Brandenburger
-
2005 Coupe Marie-Jeanne Laugs-Klein
-
2006 Coupe Albert Fellens
-
2007 Coupe Louis Faber
-
2026 Coupe Guy Bettendorff
Statistiken: all Saisonen, Coupen a Rekorder →
Quellen
- Saisone vun der éischter Ekipp a Coupesmatcher zënter 1921: fussball-lux.lu.
- Klassementer vun de Saisonen 2021/22 bis 2025/26: Extranet vun der FLF.
- Wichteg Datumen a Presidenten: d’Buch „Hundert Jahre F.C. Marisca 1908-2008“.
E Feeler, eng Foto oder en Dokument? Schreift eis. info@fcmarisca.lu