
De Pedro Santos wiesselt bei den Marisca ! Den 20 Joer jonke Portugies kënnt vum Europa Conference League Participant FC UNA Strossen. De wibbeleschen an technesch starke Mann wäert eisem Trainerteam eng weider Méiglechkeet am offensive Mëttelfeld bidden.
Opgefall ass de Pedro eiser Sportkommissioun bei den Dueller vun eiser zweeter Garde géint déi Zweet vu Stroossen. An der Vergangenheet ass den Pedro iwwer déi eenzel Saisoen zu dem engen oder aneren Kuerzasaz an der BGL Ligue komm an konnt och do schonn markéieren.
Häerzlech Wëllkomm, Pedro a bonne Chance a giel a blo!